De Büro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg organiséiert eng Serie vun Online-Debaten, an deenen d'Konsequenzen an d'Mesuren an der Kris diskutéiert ginn.

Desinformatiounen a Fake-News waren um leschten digitalen EU-Talk vum Lëtzebuerger Europa-Parlament Thema. Termen, déi zanter Joren omnipresent an de Medien, ma och Doheem bei engem ëmmer nees opdauchen. Ëmsou méi kommen dës Begrëffer an de Problem op zu Zäiten, wou d'Leit Doheem mussen oder solle bleiwen an do vill Zäit hunn, an fir an de soziale Medien ze verbréngen. Invitéiert waren d'Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabelle Wiseler-Lima, de Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar an den däitsche SPD Politiker Karl Lauterbach.

EU-Talk: Desinformatioun / Reportage Tim Morizet

Fir Propaganda a Falschinformatioun ze evitéieren, missten Demokratien aus dem Westen d'Kommunikatioun um Internet reguléieren, esou de Constat. En éischte konkrete Schrëtt an déi Richtung gouf den 10. Juni vun der EU-Kommissioun annoncéiert. All Mount sollen an Zukunft, op fräiwëlleger Basis, Internetplattformen ewéi Facebook, Instagram oder YouTube en detailléiert Bilan erausginn, fir ze soen, wat si géint Falschinformatiounen op hire Site ënnerhuelen. Eng Initiative, déi net weit genuch geet, esou d'Isabelle Wiseler-Lima, Europa Deputéiert.

An der Entrevue mat der Kommissärin Věra Jourová gouf och diskutéiert, datt dëse Schrëtt net duergeet. Mir musse wierklech op e Wee goen, wou kloer Decisioune geholl ginn an, datt och kloer duerno Konsequenze kommen.“

D'Schold géif manner bei de Consommateure vu de Falschinformatioune léien, ma méi bei de groussen Entreprisen, esou den an Däitschland baséierte Lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar. Déi grouss digital Boîtten, sief et Microsoft, Google, Apple oder Facebook, gehéieren alleguer zu de mëttlerweil 10 wäertvollste Firmen op der Welt. Eng nei Muecht, déi een ëmmer méi schwiereg a Fro ka stellen.

Dat heescht, mir hunn eng komplett Verschibung vun der Muecht. D'Fake News, ewéi mer se haut kënnen, hu gréisstendeels mat deem Betribssystem ze doen an der Aart a Weis, ewéi dës Entreprise fonctionéieren. Et sinn also net déi béis Leit, mä sozial Netzwierker operéiere kommerziell. A se operéieren net an deem Sënn, datt de kucken, wat ass richteg, wat ass falsch, mä wéi vill Klicks kann ech kréien.“

D'Rechnung ass, wat ech méi Zäit op hirer Plattform verbréngen, wat méi Reklammen ugewise ginn, wat méi Suen an d'Keese gespullt ginn. Mä de Problem géif méi wäit goen. D'Europäesch Unioun hätt, esou d'Kritik vum Karl Lauterbach, SPD-Member vum däitsche Bundestag, ze laang naiv nogekuckt.

Wir haben über Jahre hinweg einfach aktzeptiert, dass wir abhängig werden von Google, Facebook oder Amazon. Wir haben einfach aktzeptiert, dass wir es nicht schaffen, etwas eigenständig aufzubauen. Es hat auch keine Förderprgramme gegeben, die gibt es auch bis jetzt nicht in nenswerter Grössenordnung. So gab es auch keine wirklichen europäischen Initiativen. Und wenn wir keine eigenen Alternativen anbieten können, da werden wir ein Verbot politisch nicht mehr stemmen können.“

Konkret géif dat heeschen, datt politesch Institutioune just nach eng limitéiert Muecht hunn, fir Fuerderungen un dës Konzerner ze stellen, well een ofhängeg ass. Um Terrain heescht dat, datt d'sozial Plattforme weider zum Deel falsch Informatiounen ënnerstëtze kënnen, woubäi wichteg Informatiounen zum Beispill a Corona-Zäite verluer ginn.

Man will im wesentlichen eine wissenschaftliche Position an den politischen Pranger stellen. So wird der wissenschaftliche Wert diskreditiert. Das geht Christian Drosten so, das geht mir so, und noch vielen anderen Wissenschaftler. Ich kenne och Wissenschaftler die sich während der ersten Phase stärker engagiert haben, sich aber jetzt mehr zurück halten, weil sie nicht defamiert werden wollen.“

Et wär dofir elo den Zäitpunkt un der Europäescher Politik stäerkt ze beweisen, esou de Constat e Freideg de Mëtten.