Vum 1. Juli u sinn d’EU-Baussegrenzen nees op fir 15 Länner, wou d’Awunner och nees an de Schengenraum kënnen areesen.

Et sinn dat Leit aus Algerien, Australien, Kanada, Georgien, Japan, Montenegro, Marokko, Neiséiland, Ruanda, Serbien, Südkorea, Thailand, Tunesien an Uruguay.

Och China steet emol formell op der Lëscht vun der EU, mä dat gëllt awer eréischt dann, wann d’Chinesen och hir Grenzen nees fir EU-Bierger opmaachen.

Als Critère hat d’EU fixéiert, dass manner wéi 16 Infektiounen den Dag, pro 100.000 Awunner registréiert goufen.

All zwou Wochen soll d’Lëscht iwwerschafft ginn.