Hie sot, datt d'Decisioun am Ufank vun der Kris, kee medezinescht Material an aner Länner ze liwweren, zu 100 Prozent net europäesch war.

Dat sot hien vis-à-vis vum Noriichtemagasinn "Spiegel"

De fréiere Premier an EU-Kommissiounspresident wier ganz iwwerrascht gewiescht, datt grad Däitschland erëm capabel wier, esou Reflexer z'entwéckelen.

Änlech kritesch ass de Jean-Claude Juncker, wann et ëm d'Fermeture vun de Grenze geet. D'Leit wiere rosen doriwwer gewiescht.

De Jean-Claude Juncker begréisst awer, datt d'Angela Merkel, elo zesumme mam franséische President Emmanuel Macron den Debat iwwert de Fong fir den Neesopbau vun der Europäescher Unioun no vir bréngt.