Bréissel gesäit d'Fërdere vum Waasserstoff als wichtege Bestanddeel vum "Green New Deal".

D'Prioritéit soll dobäi op "gréngen" Waasserstoff, deen duerch Wand- a Sonnenenergie gewonne gëtt, geluecht ginn, och wann an enger éischter Phas och nach Technologien, déi op fossil Energiequellen zréckgräifen, ënnerstëtzt ginn.

"Déi nei Waasserstoff-Wirtschaft kann e Wuesstemsmotor ginn, fir déi wirtschaftlech Schied duerch Covid-19 z'iwwerwannen," sot bei der Presentatioun vun der Strategie um Mëttwoch de Vize-President vun der EU-Kommissioun Franz Timmermans.

De Waasserstoff ass een Element vum "Green New Deal", dee virgesäit, datt d'EU bis 2050 komplett klimaneutral ass. D'Kommissioun huet ervirgehuewen, datt de Waasserstoff och ka genotzt ginn, fir Energie aus Sonn a Wand, bei där et Fluktuatioune ginn, ze stockéieren.

D'Exekutiv vun der Europäescher Unioun gesäit d'Entwécklung vun der Waasserstoff-Technologie an 3 Phasen vir. Bis 2024 soll d'Produktioun vu propperem, also mat nohaltegen Energië produzéierten, Waasserstoff op 1 Millioun Tonnen an d'Luucht goen, bis 2030 op 10 Milliounen Tonnen. Tëschent 2030 an 2050 soll de grénge Waasserstoff dann a grousse Quantitéiten disponibel sinn. Den Ament ginn der EU no 9,8 Milliounen Tonne Waasserstoff an Europa hiergestallt, allerdéngs gréisstendeels mat Hëllef vu fossillen Energiequellen.