Déi fréier däitsch Ministesch an SPD-Cheffin Andrea Nahles wäert an Zukunft de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit beroden.

D'Andrea Nahles gëtt seng Speziell-Beroderin, wäert also mat him zesummeschaffen, fir méi e „gerecht a soziaalt“ Europa, sou den Nicolas Schmit op Twitter.

D'Madamm Nahles war virun engem décke Joer vun alle hire politesche Posten an Däitschland zréckgetrueden. Dat no schlechte Walresultater vun der SPD bei den Europawalen.