Nei Entwécklung an engem vun de gréisste Wirtschaftsskandaler an Däitschland.

De fréiere Vize-Chef vum Online-Bezueldéngscht war spuerlos verschwonnen. Eng Enquête vum Spiegel an Zesummenaarbecht mat der Investigativplattform Bellingcat hätt elo erginn, datt en nach den Dag, un deem e suspendéiert gouf, a Wäissrussland geflücht wier.