Déi 27 Staats- a Regierungscheffen hunn iwwert déi finanziell Enveloppe fir d'Lutte géint d'Corona-Kris an iwwert de budgetäre Kader vun der EU geschwat.

Um EU-Sommet zu Bréissel waren no e puer Stonne Paus e Méindeg den Owend um 18 Auer d'Diskussiounen an der grousser Ronn weidergaangen.

Éischt Sourcen aus där Reunioun mellen, dass ee sech eens gi wier, wat de Montant un Direkthëllefe fir Länner, déi am schlëmmste vum Virus getraff goufen, ugeet. Hei sollen a Plaz 500 Milliarden Euro, elo 390 Milliarden ausbezuelt ginn.

Eng weider Fro, déi et bei dësem Sommet ze kläre gëllt, ass déi, u wéi eng Konditiounen dës Hëllefen eventuell solle geknäppt ginn, wéi rechtsstaatlech Standarden zum Beispill. Dat wier den Aussoen vun EU-Diplomaten no nom Iessen vun de 27 och am Beräich vum Méiglechen.

Een Accord muss elo finaliséiert ginn, dat kann awer och a méi klengen "techneschen" Gruppe gemaach ginn, sou de Charles Michel.

Wéi war d'Situatioun um fréie Méindeg de Moien?

Holland, Éisträich, Schweden, Finnland an Dänemark wollten Ugangs, datt dës Hëllefen nëmmen a Form vu Kreditter accordéiert ginn.
Elo schénge se awer kompromëssbereet a proposéieren, datt 390 Milliarden Euro net misse rembourséiert ginn. Frankräich an Däitschland haten awer ugekënnegt, net ënner 400 Milliarde wëllen ze goen.

No enger kuerzer Reunioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen um Méindeg de Moien, goufen d'Gespréicher op en Neits ënnerbrach. Am Nomëtte soll et weider goen. Fir d'éischt war 14 Auer geplangt, dee Rendez-vous ass awer elo op 16 Auer geréckelt ginn. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn sot um Deutschlandfunk, datt de Sommet vu Klengkarréiertheete géing dominéiert ginn. Wann et 1989 sou eng Haltung gi wier, wier et ni zu enger däitscher Reunifikatioun komm.

De franséische President Emmanuel Macron huet d'Hollänner iwwerdeems als déi nei Britten bezeechent a vu Portugal war et d'Fro un Holland, ob si nach wéilten an der EU bleiwen oder net.