Dat huet d'Vizepresidentin Katarina Barley annoncéiert. An de Beräicher Rechtsstaatlechkeet an Zukunftsinvestitioune géif d'Ofkommes net wäit genuch goen.

Sou d'Kritik vun der SPD-Politikerin an däitsche Medien.

Um Mëttwoch de Muere beroden d'Fraktiounspresidenten aus dem EU-Parlament iwwert den Accord.

En Dënschdeg goufe sech déi 27 EU-Staats-a Regierungscheffen jo eens iwwert en 1,8 Billiounen Euro schwéieren Corona-Finanzpak, dat no zéien Verhandlungen.