De leschten EU-Sommet geet als ee vun de ganz schwieregen an d'Geschicht an.

Um Mëttwoch hunn de Staatsminister Xavier Bettel an den Ausseminister Jean Asselborn an den zoustännege Chamberkommissiounen de Point gemaach, dat via Videokonferenz.
Wat kloer ass: et ass villes nach net kloer.

EU-Sommet Chamberkommissioun/Reportage Pit Everling

Notamment a punkto finanziell Contributioun, wat gëtt an d'Dëppen abezuelt a wat kritt de Grand-Duché eraus?

Do geet et an d'Richtung, datt Lëtzebuerg bësse méi wéi eng Milliard fir d'Hëllefspäck bäisteiert, vill manner wéi Ugangs virgesinn. Ronn ee Fënneftel vun där Zomm soll et als Retour ginn. Dat alles ass awer nach net fix.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar stellt sech awer d'Fro vun den zukünftege Budgeten

57 Milliarde Rabaise goufe fir eenzel Memberlänner accordéiert. Wie kënnt fir déi Recetten, déi feelen op? Mir sinn iwwerrascht, datt d'Lëtzebuerger Contributioun vun 300 Milliounen net soll weider variéieren.
 
Et wier immens vill „Flou“ an der ganzer Diskussioun, sou de Laurent Mosar weider.

D'Onsécherheet wier effektiv grouss, fënnt och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser,  deen de Bréisseler Accord kritesch gesäit.
D'Verhandlungen hätte virun allem gewisen, datt de Gruef bannent der EU ëmmer méi déif gëtt, zum Beispill bei der Interpretatioun vum Rechtsstaat.

Donieft géingen Traitéen net respektéiert ginn. An de Verträg ass festgehalen, datt eng Vergemeinschaftung vun de Scholden net a Fro kënnt. Et mécht engem scho Suergen, dass sech hei politesch iwwer déi Verträg ewechgesat gëtt.

Déi finanziell Engagementer wieren allgemeng net kloer a mir géinge riskéieren, nei Steieren ze kréien.

Fir den Yves Cruchten vun der LSAP sinn déi gemeinsam Scholden en historesche Moment an en Ausdrock vu grousser Solidaritéit. Hien ass net der Meenung, datt Lëtzebuerg schlecht ewech kënnt.