Et wier onwarscheinlech, dass en Handelsaccord tëscht der EU a Groussbritannien zustane kënnt. Dat sot de Chef-Negociateur vun der EU, Michel Barnier.

Mat London gouf en Donneschdeg verhandelt. Groussbritannie géif déi europäesch Reegele fir eng fair Competitioun refuséieren a géif och kee balancéierten Accord am Beräich vun der Fëscherei akzeptéieren, esou de Barnier.
De brittesche Chef-Negociateur David Frost huet iwwerdeems brittesch Betriber gewarnt, dass een net wéi geplangt bis Enn Juli een Accord mat der EU géif fannen. De brittesche Premier Boris Johnson hat leschte Mount gesot, dass hien de Betriber Enn Juli wéilt soen, ob en Accord a Siicht ass oder ob si sech sollen op een No-Deal preparéieren.

Offiziell ass Groussbritannie jo schonn zanter Enn Januar kee Member vun der EU méi, ma bis Enn dës Joers leeft nach eng Transitiounsphas, fir déi zukünfteg Relatiounen ze reegelen. D'Verhandlungen dofir schéngen awer kaum virun ze kommen, well Groussbritannien eng Rei Konditiounen net wëll akzeptéieren, déi d'EU stellt, fir kënnen e fräien Accès op den europäesche Bannemaart ze hunn.