D'EU-Kommissioun huet sech den Zougang vu Remdesivir fir den Traitement vum Covid-19 geséchert.

Dat deelt d'europäescher Kommissioun e Mëttwoch via Communiqué mat.

En Dënschdeg huet d'EU-Kommissioun e Kontrakt mat der Pharmaentreprise Gilead ënnerschriwwen, mat deem d'Liwwerung vum Traitement geséchert ass. Schonn Ufanks August sollen deemno d'EU Memberstaaten an och Groussbritannien déi éischt Liwwerunge vum Medikament kréien.

Kaschten deet dat d'EU 63 Milliounen Euro, déi aus dem Direkthëllefsinstrument vun der Kommissioun finanzéiert ginn an dofir suergen, datt ronn 30.000 Patiente mat schwéiere Covid-19-Symptomer behandelt kënne ginn.

Velkury, de Markennumm vu Remdesivir, war dat éischt Medikament, dat op EU-Niveau fir den Traitement vu Covid-19 zougelooss gouf.