D'Hëllefsorganisatioune wëllen hir Rettungsmissiounen nach dëse Mount nees ophuelen, wéi se um Donneschdeg annoncéiert hunn.

Zanter Méint konnten d'Schëffer, op deene Mënschen am Mëttelmier virum Erdrénke gerett ginn, wéinst der Pandemie net erausfueren. Nodeems d'Ocean Viking ugangs Juli an Italien ugedockt huet, war iwwerhaapt kee Rettungsschëff méi ënnerwee. Ma elo geet et den ONGen duer.

Déi franséisch Médecins sans frontières (MSF) an déi däitsch Sea-Watch hu sech elo zesumme gedoen, fir nees Mënscheliewen ze retten. Um Sea-Watch 4, engem Schëff, dat aktuell a Spuenien ass, solle Membere vu béiden Organisatiounen erausfueren. D'Sea-Watch wäert d'Besatzung an d'MSF dat medezinescht Personal zur Verfügung stellen.

"Wärend déi europäesch Staate weider Sich- a Rettungsaktivitéite blockéieren a kriminaliséieren, ass d'Sea-Watch 4 e kloert Zeeche vu Solidaritéit a Mënschlechkeet, déi dem Stierwe-loossen am Mëttelmier net ouni eppes ze maachen nokuckt", heescht et an engem gemeinsame Communiqué.

"Mir hoffen tëscht dem 10. a Mëtt-August kenne vu Spuenien aus fortzefueren", sot d'Hassiba Hadj Sahraoui vun den MSF géigeniwwer der franséischer Noriichtenagence AFP. D'Missioun wier absolut noutwenneg, den Ament wier kee Schëff vun enger ONG ënnerwee, an dobäi géifen ëmmer nach Mënsche sech op de Wee iwwert d'Mier maache fir Konflikter, Nout an Aarmut z'entkommen.

No méintelaangem Stopp wéinst dem Coronavirus war d'Ocean Viking vun der ONG SOS Méditerrannée am Juni nees opgebrach. D'Schëff huet wochelaang misse mat 180 Migranten u Bord waarden, iert et de 7. Juli op Sizilien duerft d'Leit u Land loossen. D'Schëff gouf doropshin confisquéiert an duerft net méi weiderfueren, wat d'Autoritéite mat techneschen Irregularitéite begrënnt hunn, der ONG no awer un Schikan gegrenzt huet.

D'MSF hate bis Abrëll mat der SOS Méditerrannée zesummegeschafft, hunn hir Collaboratioun no 4 Joer an Dausende Mënschen, déi gerett goufen, ofgebrach, well se sech net eens goufen, wéi ee wéinst der Coronakris sollt viru fueren.

De Médecins sans frontières hiren neie Partner, d'Sea-Watch, hat zejoert fir Opmierksamkeet gesuergt, wéi d'Kapitänin vun der Sea-Watch 3, d'Carola Rackete, ouni Erlabnis an den Hafe vu Lampedusa eragefuer ass fir d'Migranten u Land ze loossen. Dat nodeems d'Konditiounen um Schëff no Wochen um Mier ëmmer méi schlecht gi sinn.

Dat neit Schëff, e fréiert Fuerschungsschëff mam Numm "Poseidon", gouf op Initiative a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der evangelescher Kierch an Däitschland vun der Plattform United4Rescue, zu där och elo d'MSF gehéiert, kaf an op Sea-Watch 4 ëmgedeeft.

"Et ass déi kategoresch Äntwert vun der Zivilgesellschaft op déi rassistesch Politik vun der EU, déi Mënschen erdrénke léisst, fir datt se net op d'europäescht Festland kommen", sot Philip Hahn, Chef vun der Sea-Watch 4-Equipe.

De Chef vun der Evangelescher Kierch an Däitschland Heinrich Bedford-Strohm sot, et wier eng humanitär Moossnam an e politescht Zeechen, datt ee sech weider amësche wäert, "Mir kënne Bieden an Handelen net trennen".

Der internationaler Migratiounsorganisatioun no hunn d'lescht Joer 100.000 Mënsche versicht, iwwert d'Mëttelmier an Europa ze kommen, op d'mannst 1.200 Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Am Mee haten déi zoustänneg UNO-Agencen d'Staaten an engem Statement dozou opgeruff, hiren Obligatiounen ënnert dem internationale Recht, fir Mënschen an Nout zur Hëllef ze kommen, net ze vernoléissegen.