Déi zeréckgetruede libanesesch Regierung huet mëttlerweil zouginn, dass d’Korruptioun hinnen iwwert de Kapp gewuess wier.

No der Rees vum franséische Präsident Macron op Beirut, an der Demissioun vun der libanesescher Regierung, stellt sech elo d’Fro a wéi eng Richtung d’Land geet, a wéi eng Roll d’Europäesch Unioun spille soll.

Roll vun der EU am Libanon / Reportage Bill Wirtz

Déi libanesesch Regierung, déi elo zréckgetrueden ass, huet zouginn, dass d’Korruptioun hinnen iwwert de Kapp gewuess wier, an dass si d’Vertraue vun der Bevëlkerung verluer hätt. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens ass Member vum Comité fir Entwécklung am Europaparlament a seet, dass déi Regierung, déi elo zréckgetrueden ass, just eng vu ville war déi "d’Land op den Hond bruecht huet".

Si wieren allerdéngs net eleng responsabel, esou den DP-Politiker, well Länner wéi Saudi-Arabien an den Iran permanent hiren Afloss vergréissert hätten. Déi Explosioun am Hafen zu Beirut wier net nëmmen eng immens Tragedie gewiescht, mä och eng "politesch Supperbomb", déi elo dofir suergt, dass d’Bevëlkerung no engem demokrateschen a pluralistesche Staat freet.

EU-Hëllefe sollten net nëmmen d'Stroossen erëm an d’Rei maachen, mee d’Rechtsfähegkeet vum libanesesche Staat nees opbauen, sou de Charles Goerens.

Et wier gutt gewiescht, dass de franséische Präsident Macron direkt op der Plaz gewiescht wier, well wann net séier gehandelt géing ginn, da géing een am Libanon ze séier erëm an déi al Gewunnechten zréckfalen, esou nach den DP-Politiker.