Den 1. Januar d'nächst Joer leeft déi nei EU-Plastiksteier un. Dës soll den EU-Budget ënnerstëtzen a fir méi ökologesch Verpackunge suergen.

Déi nei Steier funktionéiert follgendermoossen: Op all Kilo Plastiksverpackungen, déi net recycléierbar sinn, hieft d'Europäesch Unioun 80 Cent op. All Memberstaat muss dee Montant u Bréissel ofginn. Esou soll d'Steier ënner anerem den EU-Budget ënnerstëtzen a Bréissel méi Onofhängegkeet vun de Memberstaate beschafen.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz schwätzt vun enger sënnvoller Moossnam fir den EU-Budget, deen am Moment net duergoe géing. Aktuell geet d'Europäesch Unioun Sue léinen, fir de Covid-19-Hëllefspak ze finanzéieren, mee wëll sech à long terme mat eegene Steiere finanzéieren. Et ass awer och esou, dass d'Memberstaate selwer keng nei Steiere mussen aféieren, fir hiren Deel un d'EU ofzeginn. An der Praxis heescht dat, dass et net kloer ass, ob net-recycléierbar Verpackungen duerch d'Plastiksteier och wierklech an all Land méi deier ginn. D'Tilly Metz nennt dëse Fait "net ideal".

Plastiksteier / Rep. Bill Wirtz

D'Plastiksteier wier d'politesch Unerkennung vum Problem, esou déi Gréng Politikerin. Par contre wier déi iwwergräifend Gefor vum Plastik domat net ugepaakt, well déi just zesumme mat anere Mesure kéint geléist ginn, dorënner e Verbuet vu allen alldeegleche Plastiksgéigestänn, déi just eemol benotzt ginn. Länner, déi ofhängeg vun der Produktioun vum Plastik an Europa sinn, sollen och an hirer Transitioun vun der EU gehollef kréien, esou nach d'Tilly Metz. 17% vum Plastik weltwäit gëtt an Europa hiergestallt.