2050 kéint méi Plastik wéi Fësch am Ozean ze fanne sinn. Fir dat ze verhënneren, hunn d'EU an d'UN d'Campagne "EUBeachCleanUp" lancéiert.

Zesumme mat Schoulen an anere lokalen Organisatioune ginn all Joer, wärend 4 Wochen, vun der EU an de Vereenten Natiounen, iwwerall op der Welt d'Plagë propper gemaach. Zanter 2017 hunn 59 Natioune beim Projet matgemaach.

De Budget vun der EU fir d'Lutte géint d'Ëmweltverschmotzung läit bei 350 Milliounen Euro a wa jiddereen eng Hand upéckt, da kann een eng Welt aus Plastik verhënneren. D'Plagë ginn normalerweis no de Summervakanze propper gemaach, bis am November mat, jee nodeem wou d'Aktioun grad stattfënnt.

Dëst Joer, wéinst der Corona-Kris, soll dat ganzt awer digital oflafen. Leit, déi no un der Plage liewen, ginn opgeruff, an hirer Géigend sou gutt ze hëllefe wéi méiglech. Och Leit, déi net bei der Plage liewen, ginn opgeruff, esou vill Dreck ewechzemaachen wéi méiglech, well deen Dreck deemno wéi awer spéider am Ozean kéint landen. Dat ganzt soll och Corona-frëndlech oflafen.

Zesumme mat de Valeure vun de Schlumpfen, déi fir Solidaritéit, Courage, Toleranz, Aarbecht an de Respekt virun der Natur stinn, gëtt d'Proppermaache vun de Plagen iwwerall fir grouss a kleng promouvéiert.