Zu Bréissel fänken um Donneschdeg d’Verhandlunge vun den EU-Länner mam Europaparlament iwwert d’Accorden zum EU-Budget an dem Corona-Opbau-Programm un.

Am Juli haten d’Staats- a Regierungscheffen no engem deeglaangen Verhandlungsmarathon jo e Finanzkader vun enger Billioun € fir d’Joren 2021 bis 27 festgehalen, grad wéi e Corona-Fong, fir déi wirtschaftlech Suitte vun der Pandemie ze iwwerwannen, vun 750 Milliarden Euro.

D'Europaparlament verlaangt awer schonns verschidden Ännerungen. Beispillsweis kloer Reegele fir d’Kierze vun EU-Subventioune fir Länner, déi géint d’Rechtsstaatlechkeet verstoussen, oder och méi Investissementer an d’Fuerschung, de Klimaschutz oder an d’Santé.

Ouni gréng Luucht vum Europaparlament, kann de Budget net a Kraaft trieden.