An der EU ass um Dënschden, 1. September, e Reglement a Kraaft getrueden, wouduerch besser soll kontrolléiert ginn, ob Gefierer sécher a propper sinn.

D'EU-Kommissioun hat d'Reform 2016 nom sougenannten Dieselgate-Skandal proposéiert a se gouf 2018 vum Parlament a vun de Memberstaate guttgeheescht. Zil ass et engersäits, d'Krittären, fir nei Gefierer zouzeloossen, méi streng ze maachen, an anerersäits Gefierer, déi ewell op der Strooss sinn, méi ze kontrolléieren.

Vun elo u ginn onofhängeg Auditte gemaach vun den techneschen Zerwisser, déi nei Modeller vu Gefierer testen an inspizéieren, fir ze kucken op dës eng Zouloossung kréien oder behale kënnen, dat op Basis vu strenge Krittären. Iwwerdeems gëtt e "Peer Review"-System agefouert, fir déi national Autoritéiten, déi nei Modeller zouloossen, dat heescht d'Autoritéiten aus verschiddene Länner evaluéiere sech géigesäiteg.

D'Memberstaate mussen elo eng Mindestzuel vun Autoen, déi ewell um Marché sinn, reegelméisseg kontrolléieren. Si kréien d'Méiglechkeet, Schutzmesure géint net konform Gefierer ze huelen, ouni mussen ze waarden, datt d'Autoritéit, déi d'Gefier zougelooss huet, reagéiert.

Et kann och elo richteg deier gi fir Constructeuren, déi sech net un d'Virschrëften am Kader vun der Zouloossung vu Gefierer halen. D'EU-Kommissioun ka vun elo un am Labo an op der Strooss testen, op Gefierer konform sinn. Gi Verstéiss festgestallt, kann d'Kommissioun EU-wäit Produiten zeréckruffen a Sanktioune vu bis zu 30.000 € pro Gefier verginn. Bis elo konnten dat just déi national Autoritéiten, déi d'Gefierer zougelooss hunn.

"D'Europäer wëllen, berechtegterweis, déi proppersten a séchersten Autoe fueren", sot de Kommissär fir de Bannemaart Thierry Breton. Dofir bréicht een déi strengste Kontrolle fir Autoen, déi op de Maart kommen an déi op de Stroosse fueren.

"Dës Reform komplettéiert eis Aarbechte fir eng méi propper a sécher Mobilitéit, déi, am schwierege Kontext vun der Kris, an Zukunft nach méi Investissementer an d'Infrastruktur an an d'Innovatioun brauch."