A villen europäesche Stied sinn Demonstratioune géint den Handelsaccord tëscht der EU an der südamerikanescher Handelsunioun Mercosur annoncéiert.

Dësen Accord géing dat weltgréisste Fräihandelsgebitt schafen, wouvun 800 Millioune Konsumente profitéiere kéinten. Ëmweltschützer soen, dass dësen Accord schlecht fir d’Natur wier.

Mercosur/Reportage Bill Wirtz

Mercosur ass déi südamerikanesch Handelsunioun mat besonnesch zwee Länner, déi am meeschte vun engem Accord mat der EU profitéiere géingen: Argentinien a Brasilien. Brasilie gëtt par contre virgeworf, dass d’Regierung sech net genuch engagéiert, fir den Amazonas ze beschützen.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz seet, dass duerch d’Erhéijung vun Exportatioune mat méi Deforestatioun am Amazonas misst gerechent ginn an dass dat eng Katastroph fir d’Ëmwelt an déi indigen Bevëlkerung wier.

Dësen Accord wier net der Zäit ugepasst an net kompatibel mat den Ëmweltambitioune vun der Europäescher Unioun, sou nach déi gréng Politikerin.

Donieft géing den Accord och schlecht Auswierkungen op d’Situatioun innerhalb vun der EU hunn. Duerch d’Konkurrenz géingen europäesch Baueren ëmmer méi an d’Dumping-Präisser gedriwwe ginn, wou Natur- an Déiereschutz net méi grouss geschriwwe géinge ginn.

D’Europäescht Parlament diskutéiert iwwert déi sougenannten « due diligence » bei Handelsofkommes: Ënnert dem Stréch heescht dat, dass d’EU méi oppasse misst, ob EU-Standarde vun Ëmweltschutz a Mënscherechter am Partnerland respektéiert ginn.

Den Accord mam Mercosur steet elo virun engem Vott am Europäesche Conseil am Oktober. Duerno mussen d’Europäescht Parlament an déi 27 national Parlamenter och nach hiren Accord ginn.