De brittesche Premier Boris Johnson fuerdert, datt bis de 15. Oktober en Accord misst fonnt ginn.

Méi spéit géif kee Sënn maachen, fir datt d'Ofkommes, wéi geplangt, nach dëst Joers kann a Kraaft trieden, sou den Johnson. Haaptsträitpunkten sinn d'Beräicher Fëscherei a Konkurrenz-Recht.

D'Financial Times huet och gemellt, datt déi brittesch Regierung nees wéilt Deeler vum Accord iwwer d'Fro vun Nordirland a Fro stellen.

En Dënschdeg fänkt zu London déi 8. Verhandlungsronn un. Den EU-Chefnegociateur Michel Barnier gëtt zu London erwaart.

Enn des Joer verléisst Groussbritannien definitiv d'EU.