D'brittesch Regierung wëll e Gesetzprojet presentéieren, fir de Brexit-Accord ze änneren. Et geet ëm déi ëmstridde Vertragsklausel iwwer Nordirland.

Dës soll jo evitéieren, datt tëscht dem britteschen Nordirland an dem EU-Staat Irland eng Grenz kënnt. Datt déi brittesch Regierung de Brexit-Deal elo wëll änneren, gouf souwuel vun der EU, wéi och am brittesche Parlament kritiséiert.

D'EU koum um Donneschdeg mat der Menace, viru Geriicht ze goen, wa Groussbritannien dee Gesetzprojet net zeréckzitt.

Wa bis Enn dës Joers keen Handelsaccord fonnt gouf, kéint et zu engem haarde Brexit kommen.