De Boris Johnson ka bei senge geplangten Ännerunge vum Austrëttsaccord mat der EU wéi et schéngt net op déi komplett Ënnerstëtzung vu senger Partei zielen.

Der Zeitung "The Times" no wëlle bis zu 30 Parlamentarier vun den Tories géint d'Gesetz stëmmen. Vue datt d'Partei awer eng Majoritéit vun 80 Stëmmen huet, geet een dovun aus, datt d'Gesetz duerchkënnt.

De Boris Johnson wëll domat den Austrëttsaccord a wesentleche Punkten änneren. Et geet ëm speziell Reegele fir d'brittescht Nordirland, déi eng haart Grenz zum EU-Member Irland verhënnere sollen. Bei der Europäescher Kommissioun an de Memberstaate stoussen dem Johnson seng Pläng op Roserei. Si pochen drop, datt den Accord agehale gëtt.

Bis Enn des Mounts huet déi brittesch Regierung Zäit, d'Ännerunge vum Brexit-Accord zeréckzezéien. Dëst Virgoen hätt d'Vertrauen tëscht béide Säiten "eeschthaft beschiedegt", huet et en Donneschdeg aus der EU-Kommissioun geheescht. D'Autoritéiten hu gewarnt, dass d'EU net géing zécken, rechtlech Schrëtt an d'Weeër ze leeden.

De brittesche Premier Johnson huet der EU virgeworf, si wéilt säi Land an de Verhandlungen ëm de Brexit-Accord duerch eng "Liewensmëttel-Blockade" ënner Drock setzen. Dat huet den Johnson an engem Meenungsbäitrag an der Samschdeseditioun vum "Daily Telegraph" geschriwwen.

D'EU géing domat dreeën, den Transport vu Liewensmëttel vu Groussbritannien an Nordirland ze stoppen, huet de brittesche Premier beklot. Hien hätt net erwaart, "dass d'EU kéint een am gudde Glawen ausgehandelte Vertrag ze benotzen, fir en Deel vum vereente Kinnekräich ze blockéieren, fir hien ofzeschneiden." Esou ee Virgoe géing tatsächlech bedeiten, "domat ze dreeën, déi wirtschaftlech an territorial Integritéit vum Vereente Kinnekräich ze zerstéieren", schreift den Johnson.