Thema dës Woch am Europaparlament ass de Klimaschutz. D'EU-Kommissioun wëll eng däitlech Verschäerfung vun de Klimaziler.

Den Europadeputéierte Charles Goerens ass sech wuel bewosst, datt Europa eng Virreiderroll spille muss, gëtt awer ze bedenken, datt d'Europäesch Unioun an dësem Moment fir manner wéi 8% vun de weltwäiten CO2-Emissiounen zoustänneg ass. Dofir wär et sënnvoll, wann och aner Natiounen Efforte géife maachen.