Dat par rapport zum Niveau vun 1990. Aktuell gëtt e Minus vu 40% ugestrieft.

Déi verschäerften Ziler huet d'Ursula von der Leyen e Mëttwoch de Moien an hirer éischter Ried zur Lag vun der Unioun zu Bréissel proposéiert. D'EU-Kommissiounspresidentin huet donieft erkläert, datt 30% vun de 750 Milliarden Euro vum Relance-Pak duerch gréng Obligatioune sollen erhuewe ginn.

En halleft Joer nodeems d'Corona-Pandemie ausgeruff gouf, huet d'Ursula von der Leyen eng europäesch Unioun vun der Santé gefuerdert. Eng europäesch Agence fir d'Recherche an Entwécklung vu Biomedezin soll geschaaft ginn.

Séinoutrettung muss deel vun der EU-Migartiounspolitik sinn

D'Séinoutrettung wier Flicht an net optional, esou d'Ursula von der Leyen e Mëttwoch virum Europaparlament. Weider wëll een, nodeems d'Flüchtlingslager Moria ofgebrannt ass, en neie Camp op der Insel Lesbos opbauen.

Von der Leyen warnt Tierkei virdrunner, hir Noperen anzeschüchteren

Am Konflikt am ëstleche Mëttelmier huet d'EU-Kommissiounspresidentin un d'Tierkei appelléiert, sech zeréckzehalen. Et géing keng Rechtfäerdegung ginn, d'Noperen anzeschüchteren, sou d'von der Leyen e Mëttwoch. Zanter der Entdeckung vu Gas an där Regioun koum et zu heftegem Sträit tëscht Ankara an Athen.

Brexit-Deal kann net verännert ginn

Zum Thema Brexit huet d'Ursula von der Leyen och de brittesche Premierminister gewarnt, an zwar, dass eng Ännerung vum EU-Ofkommes illegal wier. De Vertrag kéint net eesäiteg geännert oder falsch interpretéiert ginn, sou d'EU-Kommissiounscheffin. Et wier eng Fro vum Gesetz, vum Vertrauen a vum gudde Glawen.

De Boris Johnson probéiert mat engem Gesetz d'Ofkommes ze änneren, dat am Januar mat der EU ënnerschriwwe gouf.  Virun allem d'Fro vun der Grenz tëscht Irland an Nordirland steet do am Mëttelpunkt.