48% vun de Schüler aus héije Lycéesklassen hunn op d'mannst 2 Friemsprooche geléiert.

An hirer neister Statistik huet Eurostat publizéiert, wéi eng Sproochen an der Europäescher Unioun ënnerriicht ginn an a wéi enge Länner déi Jonk am meeschte Friemsprooche bäibruecht kréien. Am Joer 2018 waren et e bësse manner wéi d'Hallschecht vun allen EU-Schüler aus héije Lycéesklassen (ISCED Level 3), déi sech an op d'mannst an 2 Friemsproochen ausdrécke kënnen.

Am beschten ofgeschnidden huet Rumänien mat 98% vun allen Teenager. Englesch ass mat 99,4 Prozent déi Sprooch, déi a Rumänien am meeschte geléiert gëtt, dohannert Franséisch mat 84,6 Prozent an Däitsch mat 20,7 Prozent. Déi 2. Plaz huet sech Finnland am Ranking geséchert. Hei ass et wichteg z'erwänen, dass - ofhängeg vun hirer Mammesprooch - Schüler mussen tëscht Finnesch a Schwedesch wielen. Béid Sprooche ginn als Friemsprooche consideréiert. Op déi drëtt Plaz koum Lëtzebuerg mat net manner wéi 82 Prozent. Obwuel Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch déi 3 offiziell Sprooche vum Grand-Duché sinn, gëllen déi 2 lescht als Friemsproochen. Mat 78 Prozent huet et Frankräich op déi 4. Plaz gepackt.

© ec.europa.eu/eurostat

Net grad esou gutt gesäit et fir eist Nopeschland Däitschland aus. Virzejoert waren et just 34 Prozent vun allen eelere Lycéesschüler, déi an 2 oder méi Friemsproochen ënnerriicht goufen. Déi leschte Plaz am Ranking ass u Griicheland gaange mat 1 Prozent. Kuerz virdru Portugal op der zweetleschter Plaz mat 6 Prozent.

Donieft gouf vun Eurostat publizéiert, wéi eng Friemsproochen am meeschten dominéieren an de Schoulen. 86,6 Prozent vun alle Jonke kënnen deemno Englesch. Däitlech manner vertrueden ass Franséisch mat 19,4 Prozent, Däitsch mat 18,3 Prozent a Spuenesch mat 17,5 Prozent. Russesch (2,4 Prozent) an Italienesch (2,3 Prozent) maache just e klengen Deel aus.

© ec.europa.eu/eurostat