No enger Entrevue mat enger infizéierter Persoun huet sech d'EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen selwer isoléiert.

D'EU-Kommissiounspresidentin gouf informéiert, dass si leschten Dënschdeg a Kontakt war mat enger Persoun, déi positiv op de Coronavirus getest gouf. Dat huet d'Ursula von der Leyen e Méindeg op Twitter matgedeelt.

Sou wéi d'Reegelen et verlaangen, géif si sech elo selwer isoléieren. Si wier awer schonn en Donneschdeg negativ getest ginn a wäert sech um Méindeg engem neien Test ënnerzéien.

De Kontakt mat der infizéierter Persoun war wuel bei engem Besuch a Portugal. D'Ursula von der Leyen war do op engem Treffe vum Staatsrot dobäi. Ee vun de Membere gouf de portugisesche Medien no e Sonndeg den Owend positiv op Covid-19 getest.

E Mëttwoch nach hat d'von der Leyen hir wéchentlech Reunioun an der EU-Kommissioun mat hire 26 Kommissären. En Donneschdeg an e Freideg war si nach um EU-Sommet zu Bréissel, bei deem déi 27 Staats- a Regierungscheffen ugereest waren.

Den EU-Sommet hätt u sech eng Woch éischter missen ufänken, war awer wéinst engem Corona-Fall am Ëmfeld vum EU-Rotspresident Charles Michel verréckelt ginn. Och hie war duerno a Quarantän.