Vertrieder vun den EU-Staaten hunn e Mëttwoch decidéiert, fir 6 Persounen an eng Organisatioun mat Sanktiounen ze bestrofen.

Russland gesäit sech wéinst der Vergëftung vum Nawalny international zu Onrecht kritiséiert. De 44 Joer alen Oppositiounsleader soll jo den 20. August mat engem Nerven-Kampfstoff vun der Nowitschok-Grupp ugegraff gi sinn. De Kreml-Kritiker louch duerno wochelaang am Koma.

Däitschland hat vu Russland eng Opklärung vum Verbrieche gefuerdert a wéinst dem Verstouss géint d'Chimiewaffeverbuet mat Sanktioune géint Russland gedreet.