Dat huet de Premier Xavier Bettel virum Optakt vum Sommet zu Bréissel um Donneschdeg betount.

D'EU-Staats- a Regierungscheffen kommen um Donneschdeg a Freideg zesummen, fir ënnert anerem iwwert de Klimawandel, d'Corona-Pandemie an eben d'Relatiounen mat Groussbritannien ze diskutéieren.

EU-Sommet / Reportage Claudia Kollwelter

Brexit

"Mir maachen alles wat mer kënnen fir en Deal mat Groussbritannien ze areechen, mä net zu egal wéi engem Präis" dat hunn den EU-Chefnegociateur Michel Barnier, an den EU Rotspresident Charles Michel en Donneschdeg den Owend um Sommet zu Bréissel betount. Nieft dem Klimawandel an der Corona-Pandemie waren d'Brexit-Negociatiounen Sujet tëscht den 27 Staats- a Regierungscheffen. De Ball géif dem Charles Michel no elo bei de Britten leien, et wier un hinnen elo déi néideg Schrëtt ze maachen fir en Accord ze fannen.

De Charles Michel

Et wier ee bereet weider ze negociéieren, an et hätt een eng vereenten europäesch Positioun, mat där ee Fortschrëtter maache kéint, huet de Charles Michel nach ënnerstrach.

De brittesche Premier Boris Johnson hat eigentlech de 15. Oktober als Delai genannt, fir sech aus den Negociatiounen zréckzezéien, wann ee sech bis dohin net eens wier. Ma dat ass ee sech definitiv nach ëmmer net. Virun allem Punkto Fëscherei, wou Frankräich e grousse Wäert drop leet, eng Léisung ze fannen. Dem Premier Xavier Bettel no wier et an de Negociatiounen wichteg, datt een zu 27 zesummenhält:

"De But ass, datt mer net gespléckt ginn, dat heescht, et muss ëmmer jidderee bësse Waasser a säi Wäi schëdden. De Kompromëss ass esou, fir datt mer dono eens ginn. Ech verstinn, datt Groussbritannien versicht, op eenzel Punkten ze soen: Do si mir Här a Meeschter a kënnen decidéieren. De Prinzip ass datt mer dono e "Contrat de divorce" hunn, wou jidderee sech erëmfënnt."

D'Iwwergangsphas ass jo den 31. Dezember eriwwer. Dem Premier no wier et net gutt, elo scho nees vun neien Delaien ze schwätzen. Ob et dann Deal oder No-Deal heescht, ass nach net kloer. Dem CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen no stéingen d'Chancen 50-50. Et misst ee preparéiert sinn:

"
Am Conseil goufen am Juli eng 5 Milliarden Euro als Sécherheetsnetz decidéiert, fir deene Secteuren a Memberstaaten ze hëllefen, déi am meeschten ënnert de Konsequenzen vum Brexit wäerte leiden. Ech denken, datt déi 5 Milliarden net wäerten duergoen. Do misst de Conseil am Kader vun den Diskussioune vum MFF (Multiannual Financial Framework) kucken d'Sécherheetsnetz nach emol opzestocken, well d'Konsequenze wäerten immens sinn."

Klimaziler

Iwwert engem Owesiessen ass en Donneschdeg den Owend dann eng Orientéierungsdebatt driwwer, wéi een d'Klimaziler erreeche kann. Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz hofft, datt d'Bewosstsinn fir d'Urgence vum Sujet bei de Staats- a Regierungscheffen do ass:

"Mir hunn elo en EU-Parlament, wat sech ambitiéis Ziler ginn huet an hoffen, datt och d'Memberstaate sech ambitiéis Ziler ginn, mee och e Kader sëtzen, wéi mer déi Ziler kënnen ëmsetzen."

2050 soll d’Europäesch Unioun jo Klimaneutral sinn. Ma wéi vill CO2 soll schonn 2030, par rapport zum Referenzjoer 1990, manner an d’Athmosphäre geblose ginn: Experten aus der Wirtschaft hu 50% zeréckbehaalen. Ëmweltexperte fuerdere 65%. D’EU-Parlament wëll 60% manner CO2. D'Kommissioun an 11 Staaten, dorënner Lëtzebuerg, fuerderen e Minus vu 55%.

En Objektiv dat engem Land wéi Polen, wou d’Kuel weider eng grouss Roll spillt, kloer ze schaffe mécht. Lëtzebuerg wäert an där Diskussioun nach emol betounen, dat an Zukunft d'Atomenergie net mat EU-Gelder finanzéiert däerf ginn.

Um Freideg stinn deen Ëmgang mat der Corona-Pandemie an d'Relatiounen mat Afrika hei zu Bréissel um Ordre du jour.