Mëttlerweil fënnt een a ville Supermarchéë vill vegetaresch a vegan Alternativen zu klassesche Fleesch-Platen.

D'Bezeechnunge vun dësen Alternative sinn allerdéngs ëmstridden an der Liewensmëttelindustrie. De Generalsekretär vun der europäescher Agrarlobby Copa-Cogeca, Pekka Pesonen, hat zum Beispill beklot, dass Ubidder vun Ersatzproduiten "Fleeschbezeechnunge kaperen" géingen.

Um Freideg huet sech d'EU-Parlament allerdéngs géint e Verbuet vun der Vermaartung vu Fleeschersatzprodukter ënner Begrëffer wéi "Veggie Burger" oder "vegan Wurscht" ausgesprach. Produiten ouni Fleesch dran dierfe weiderhin als Schnitzel, Steak, Hamburger oder Wurscht bezeechent ginn.