D'EU-Kommissioun reagéiert op Medieberichter, datt Flüchtlingen op der griichescher Grenz zeréck gewise gi wieren.

D'EU-Kommissärin fir bannescht Affäre Ylva Johansson verlaangt vun der europäescher Grenzschutzautoritéit Frontex, datt d'Situatioun opgekläert gëtt.

De Frontex-Direkter misst och Responsabilitéit iwwerhuelen an eng Äntwert presentéieren. Sougenannt "Pushbacks" vu Migranten dierften et keng ginn.