Et wier elo wichteg, zesumme mat den aneren EU-Länner e klore Message ze schécken, datt de politeschen Islam keng Plaz an Europa hätt.

No der islamistesch motivéierter Attack zu Wien fuerdert den éisträicheschen Ausseminister, Alexander Schallenberg, Konsequenzen an der EU. D'Dot géif weisen, datt kee Land virun esou Attacke sécher wier.

Den Austausch tëscht den europäeschen an den internationale Partner misst méi intensiv ginn, fir potenziell Täter z'identifizéieren an iwwerwaachen ze kënnen, sot den Ausseminister.

Et gouf et verstäerkt Kontrollen an éisträichesch Prisongen. De Justizministère huet matgedeelt, 229 Prisonéier iwwerpréift ze hunn, déi wéinst Terrorismus oder Radikaliséierungs-Tendenzen am Prisong sinn.  D'Autoritéiten hätte virun allem Dokumenter entdeckt, déi elo op extremistesch Hannergrënn ënnersicht ginn.

De Méinden hat jo en Terrorist am Zentrum vu Wien véier Mënschen ëmbruecht. Hien war scho mol zu enger Prisongsstrof verurteelt ginn, well hie sech der Terrormiliz Islamesche Staat a Syrien uschléisse wollt. No e puer Méint gouf hien awer fréizäiteg entlooss.