Rezent huet d'Europäesch Kommissioun een Kontrakt mat de Pharmakonzerner Biontech a Pfizer ausgehandelt.

Dat fir 200 Milliounen Dose Vaccin, plus d'Optioun fir weider 100 Milliounen. Donieft huet d'EU-Kommissioun bis ewell Kontrakter mat aneren Pharmabetriber ënnerschriwwen. Déi europäesch Investitiounsbank finanzéiert e puer vun den villverspriechende Impfstoffprogrammen.

D'europäesch Investitiounsbank finanzéiert europawäit virun allem Infrastrukturprojeten, grad ewéi kleng a mëttel Betriber. D'Bank suivéiert och d'Beméiunge fir een Impfstoff, méi genau, well se e puer vun dëse Projete finanzéiert. Ënnert anerem ënnerstëtzt se déi relativ wäit avancéiert Aarbechte vum däitsche Konzern Curevac.

D'Europaesch Investitiounsbank schafft och mat den Pharmakonzerner Biontech a Pfizer zesummen, déi d'Bank mat méi ewéi 100 Milliounen Euro ënnerstëtzt. Allerdéngs muss dëse Vaccin bei minus 70 Grad gelagert ginn. Dowéinst géifen aktuell weider Etüde lafen iwwert d'Halbarkeet vu Vaccinen.

Nieft de Vaccinen ënnerstëtzt d'Bank och Fuerschungs-an Entwécklungsprojete fir Medikamenter a Covid-19-Tester. De Gesamtinvestitiounsvolume läit bei 770 Milliounen Euro. An deem Kontext schafft een den Ament op Projeten am Beräich vun den innovative Schnelltester.

Iwwer Finanzéierungen a Berodung fërdert d'Bank zënter Joren d'Fuerschung an Entwécklung am Beräich vun de Life Sciences a besonnesch den Infektiounskrankheeten. D'Suen hëllefen der Entwécklung, der Innovatioun, grad ewéi innovativ medezinescht Equipement ze finanzéieren.