Polen an Ungarn hu wéi ugekënnegt hire Veto géint den EU-Finanzplang bis 2027 an den domat verbonnene Corona-Hëllefspak ageluecht.

D'Land wiert sech géint eng Reegelung, datt EU-Mëttele bei bestëmmte Verstéiss géint d'Rechtsstaatlechkeet kënne gekierzt ginn.

De geplangte Mechanismus géing aus polnescher Siicht bedeiten, datt EU-Beamten a Politiker total arbiträr Decisioune kéinten huelen, déi bestëmmte Länner géingen treffen an anerer géing favoriséieren, heescht et vu Warschau.

Ähnlech Téin komme vu Budapest. De Mechanismus géing deem widderspriechen, wat um EU-Sommet am Juli ofgemaach gi war.

Fir den EU-Finanzplang ze stëmmen, mussen déi 27 EU-Memberstaaten d'Accord sinn.