Domat kënnen d'Memberstaaten elo ufänken, de Finanzpak ëmzesetzen an an der Corona-Kris hir Wirtschaft nees opzebauen, esou den EU-Rotspresident.

Ungarn a Polen hate Mëtt November hir Zoustëmmung zum EU-Budget verweigert.

Elo huet ee sech gëeenegt an domat ass de Wee och fräi fir d'Corona-Hëllefe vun der EU. Heifir si ronn 750 Milliounen Euro virgesinn.

Johnson gesäit héich Warscheinlechkeet fir een No-Deal-Brexit

D'Verhandlunge géinge wuel nach weidergoen, ma de brittesche Premierminister Boris Johnson ass wuel net der Meenung, datt et zu engem neien Handelsofkommes wäert kommen.