Nodeems sech en Donneschdeg den Owend op eng Eenegung beim EU-Budget erausgeschielt hat, gouf et e Freideg de Moien och eng bei de Klimaziler.

Et war eng schwéier Gebuert, eng Marathon-Sessioun, mee um Enn si mer no intensiven Diskussiounen op essentielle Punkte virukomm. Dat sot den EU-Rotspresident Charles Michel e Freideg de Moien no 22 Stonnen EU-Sommet um Stéck. Beim Budget, de Klimaziler an der Relatioun mat der Tierkei ass ee sech schlussendlech awer eens ginn.

1,8 Billiounen Euro vum Finanzpak a 750 Milliarde fir d'Relance goufe gutt geheescht an dat ouni d'Rechtsstaatlechkeet opzeginn, huet de Charles Michel betount a d'Wichtegkeet ënnerstrach.

Den Accord vun de 27 Staats- a Regierungscheffen a punkto Budget war awer just méiglech duerch e Kompromëss, deen déi däitsch Presidence ausgeschafft hat, nodeems Ungarn a Polen blockéiert haten. Dëse Kompromëss gesäit ënnert anerem vir, datt d'Ausbezuele vun EU-Gelder eréischt un d'Rechtsstaatprinzippie gebonne sinn, wann d'Urteel vum Europäesche Geriichtshaff virläit.

D'EU huet donieft och Sanktioune géint d'Tierkei decidéiert. Grond sinn illegal Äerdgas-Buerunge virun Zypern a griicheschen Inselen. D'Sanktioune viséieren eenzel Persounen oder Entreprisen, déi esou Buerunge maachen. Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet net verstoppt, datt si sech wärend der däitscher Presidence gewënscht hätt, datt d'Relatioune mat der Tierkei méi konstruktiv hätte kënne verlafen. Am Mäerz soll da gekuckt ginn, ob déi Sanktioune méi wäit misste goen, sou de Xavier Bettel.

De Xavier Bettel (1)

Fir vill, mee virun allem laang Diskussiounen hunn Klimaziler gesuergt. Bis e Freideg de Moie fréi hunn d'Negociatioune gedauert. Um Enn hunn déi 27 Staats- a Regierungscheffen awer hiren Accord ginn, fir bis 2030 Zäregasemissiounen ëm op d'mannst 55% par Rapport zu 1990 ze reduzéieren. Dat neit Zil soll nach virum Enn vum Joer de Vereenten Natioune virgeluecht ginn.

"Et huet laang gedauert, mä et huet sech rentéiert", dat sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel de Freideg de Moien. En ambitiéist a wichtegt Zil, een Dag virum 5. Anniversaire vum Paräisser Klimaaccord.

Wat de Brexit betrëfft, do goufen et keng gréisser Diskussiounen, d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet de Point gemaach, wou een an de Negociatiounen dru ass. De Xavier Bettel huet betount, datt ee fir all Eventualitéit misst prett sinn. Hien hätt de Freideg de Moie scho mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn geschwat.

De Xavier Bettel (2)

Och d'Corona-Pandemie stoung um Agenda vum EU-Sommet an zum Beispill ëm d'Fro, ob d'Länner fir oder géint en Impf-Pass sinn.

De Xavier Bettel (3)

Op de geneeën Datum, wéini en Impfstoff zu Lëtzebuerg wäert disponibel sinn, wollt de Premier sech net festleeën: Enn vum Joer, Mëtt Januar 2021. D’Preparatioun vun den Impfzenter géif gutt lafen.

Dem Premier Xavier Bettel no wier donieft d'Wichtegkeet vun enger Reconnaissance vun de Schnelltester geschwat ginn. Dat wier awer momentan net evident, well et der sou vill verschiddener ginn.