D'Europäesch Agence fir Medikamenter hat e Méindeg recommandéiert, fir de Vaccin vu Biontech a Pfizer op de Marché ze bréngen.

D'Impfunge géint de Coronavirus kënnen elo och an der Europäescher Unioun ufänken. Deen éischte Vaccin krut e Méindeg déi néideg Autorisatioun.

Nodeems e Méindeg de Mëtteg d'Ema, déi europäesch Medikamentenagence, eng Recommandatioun ginn hat, koum e Méindeg den Owend da schonn d'Nouvelle, dass d'EU-Kommissioun dem Vaccin vu Biontech/Pfizer gréng Luucht gëtt. Dat huet d'Presidentin Ursula von der Leyen matgedeelt.

Deemno kann de Vaccin elo an der EU agesat ginn.

Zu Lëtzebuerg solle vum 28. Dezember un déi éischt Persoune geimpft ginn. Dat huet de Xavier Bettel e Méindeg op enger Pressekonferenz bekannt ginn.