Den US-Pharmakonzern Pfizer huet mat den éischten fir d'EU-Länner bestëmmten Ausliwwerunge mam mat Biontech entwéckelte Vaccin ugefaangen.

Dräi Killtransporter hunn e Mëttwoch de Moien d'Pfizer-Wierk am belsche Puurs verlooss. D'Camione goufe vun der Police eskortéiert.

D'EU-Kommissioun hat de Biontech-Pfizer-Impfstoff e Méindeg zougelooss. Nëmmen e puer Stonnen nodeems d'Europäesch Agence fir Medikamenter (EMA) dofir gréng Luucht ginn hat. D'Impfunge sollen an de meeschten EU-Länner de 27. Dezember ufänken. Hei am Land den 28.

Op Nofro vun AFP huet Pfizer awer keng Donnéeën driwwer gemaach, wou d'Liwwerungen hikommen.

Pfizer hat schonn Ufank Dezember déi éischt Chargë mam Impfstoff a Richtung Groussbritannien ausgeliwwert, nodeems déi brittesch Autoritéiten eng Noutzouloossung accordéiert haten. Och d'Schwäiz, déi e Mëttwoch hir Impfcampagne lancéiert huet, gouf scho beliwwert.