No méintelaange Verhandlunge si sech d'Europäesch Unioun a Groussbritannien iwwert een Handelsofkommes eens ginn, dat hu béid Säite confirméiert.

Mat dëser Eenegung ass dann elo den "haarde Brexit" den 1. Januar vum Dësch a Groussbritannien gëtt zu engem Drëttstaat fir d'EU-Länner, huet d'Ursula von der Leyen en Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz betount.

Trotzdeem soll a wäerte béid Parteie weiderhi wichteg Partner bleiwen, déi och a ville Beräicher, dorënner der Energie, dem Klimawandel, der Sécherheet an dem Transport wäerte weider kooperéieren. D'EU-Kommissiounspresidentin hat drop verwisen, datt een als staark Partner weider op der Cop26, dem G7 an dem G20 géif optrieden. Well zesumme wier ee méi staark, wéi getrennt, esou d'von der Leyen.

Dësen Deal war wichteg, well Groussbritannien ass vum Ufank vum neie Joer un net méi Member vum EU-Bannemaart an der Zollunioun an ouni Deal hätt et e wirtschaftleche Broch ginn. Dëst hätt bedeit, datt nees Taxen a Kontrollen tëscht béide Regiounen agefouert hätte misste ginn. Dëst hätt Experten no zum Verloscht vun Zéngdausende vun Aarbechtsplaze kéinte féieren.

D'Ursula von der Leyen
No méintelaange Verhandlunge si sech d'Europäesch Unioun a Groussbritannien iwwert een Handelsofkommes eens ginn, dat hu béid Säite confirméiert.

Den Deal hätt u sech scho sollten am Oktober finaliséiert ginn, ma béid Säite ware sech op ville Punkten, dorënner der Fëscherei, net eens ginn an esou huet ee bis zum leschten Ament verhandelt. Iwwerspëtzt gesot, wär et ëm d'Fro gaangen: Wéi eng Zort Fësch, dierf wéi vill gefëscht ginn.

Elo steet den Deal, ma den Delai ass esou knapp, datt d'EU dësen net méi ratifizéiere ka virum neie Joer. Esou muss den Deal da virleefeg a Kraaft trieden, deem mussen déi 27 EU-Memberstaaten awer zoustëmmen, dat wäert awer net virum neie Joer passéieren. A Groussbritannien geet et dann duerch d'Parlament. D'Labour-Oppositioun wäert net dogéint stëmmen, sech héchstens enthalen. Déi ronn 30 Hardliner wäerten den Vertrag net méi gestoppt kréien. Op der Insel ass de Vott dann den 30. Dezember.

Mat dësem Ofkommes ka Groussbritannien hir Produiten weider ouni Zoll an ouni Limitten op den EU-Bannemaart bréngen, d'EU verlaangt am Géigenzuch fair Bedingungen um sougenannte "Level Playing Field".

Ënner anerem muss Groussbritannien d'EU-Standarden a Rechter respektéieren an applizéieren an et gouf sech en effektive Wee ginn, fir kënne géigenzesteieren, sollt et net méi fair oflafen, esou d'Kommissiounspresidentin.

Um Schluss vun hirer Ried huet si betount, datt d'Europäer elo de Brexit mussen hannert sech loossen an datt hir Zukunft elo an Europa läit.

Asselborn: Coronavirus ass Grond fir "last minute deal"

De Jean Asselborn
No méintelaange Verhandlunge si sech d'Europäesch Unioun a Groussbritannien iwwert een Handelsofkommes eens ginn, dat hu béid Säite confirméiert.

De Grond, firwat et nach zu esou engem „last minute“ Deal komm wier, hätt mam Covid-Virus ze dinn, esou den Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Extrait Jean Asselborn (1)

Wann een déi lescht Deeg gesinn huet, wat zu Dover lass war, an dat huet och e Boris Johnson gesinn, huet bemol d'Angscht virum komplette Chaos Suerge bereet. Wann d'Lufthansa muss de Britten Uebst a Geméis afléien an 10.000e Camionen op der Grenz stinn, da war dat nëmmen den Aperitif zu deem, wat hätt kéinte geschéien, wann et net zu engem Deal komm wier.“

Bis zum Schluss war virun allem d'Fëscherei e groussen Diskussiounspunkt zu Bréissel. All Joers fëschen europäesch Schëffer a brittescher Gewässer fir e Wäert vu 650 Milliounen Euro. Vu Lëtzebuerger Säit wier ee frou, datt een um Punkt vun der Gouvernance e gemeinsamen Nenner fonnt hätt, fir eng fair Kompetitivitéit ze garantéiert.

Extrait Jean Asselborn (2)

Wann et dann Differenze gëtt an der Vue vun de Britten oder der Europäescher Unioun, da gëtt e Comité interministerielle agesat, fir séier kënnen ze tranchéieren. D'Aide vum Staat kënnen och elo reglementéiert ginn, fir keng onfair Kompetitivitéit par Rapport zu aneren Entreprisen ze schafen.“

Esou géifen och d'Standarde vu Produiten a Servicer vu Säite vun der Ekologie, Sécherheet an Aarbechtsrecht assuréiert ginn. Op Hellegowend hätt déi politesch Raison gewonnen, esou nach de Jean Asselborn.