No der Annonce vum Brexit-Handelsaccord hunn d'EU-Memberstaaten elo dermatter ugefaangen dat Dokument ze préiwen.

Et geet Rieds vun engem fairen Deal, een Accord dee Geschicht wäert schreiwen, wéi d'EU Kommissiounspresidentin en Donneschdeg sot: Iwwer 4 Joer nodeem d'Britte per Referendum decidéiert hunn d'europäesch Unioun ze verloossen ass een sech also am praktesch leschte Moment op een Handelsaccord eens ginn. Wéi geet et lo virun a wat bedeit dat Ofkommes ganz praktesch fir d'Leit?

Et ass en Accord op de leschte Stëppel. Op 1.246 Säit gouf festgehalen, wéi d'Relatiounen tëscht Groussbritannien an der europäescher Unioun an Zukunft sollen ausgesinn. De brittesche Premier Boris Johnson verkeeft den Accord als politesch Victoire.

Mir kënnen elo nees selwer decidéieren, wéi an wou mir nei Aarbechtsplaze schafen… andeems mir Fräihandelszonen an gréng Industriezonen kreéieren. Mir kënnen elo nees eis Ëmwelt esou protegéieren wéi mir et wëllen, eis Baueren ënnerstëtzen a brittesch Liewensmëttel promouvéieren, esou de Boris Johnson.

Groussbritannien bleift e wichtege Partner fir d'europäesch Unioun, esou den EU-Chef Negociateur Michel Barnier. Ma Groussbritannien huet awer nu mol decidéiert, fir d'Unioun ze verloossen a verzicht domadder op d'Avantagen déi d'Memberstaaten hunn.

Wuere kënne wuel weider ouni datt Taxen erhuewe ginn tëscht der EU a Groussbritannien zirkuléieren. Allerdéngs sinn Importer an Exporter mat méi administrative Formalitéite verbonnen.

Wien a Groussbritannien schaffen oder liewe wëll, brauch an Zukunft e Visa. Ausbildungs-Diplomer ginn och net méi automatesch unerkannt.

Touriste brauche fir Reesen a Groussbritannien, di manner wéi 90 Deeg daueren, kee Visa, allerdéngs brauch ee vum Oktober 2021 un e Pass fir anzereesen.

An och fir d'Studenten di op der Insel op d'Uni ginn, gëtt d'Situatioun méi komplizéiert... si brauchen elo e Studentevisa.
Wat elo de Studentenaustausch ugeet, do wäert Groussbritannien sech an Zukunft net méi um Erasmus-Programm bedeelegen.

Nieft Eenegungen am Beräich vum Handel ginn eng Rei Froen zum Beispill am Beräich vun der Zesummenaarbecht vu Police- a Justiz oder nach d'sozial Versécherung vu Bierger vu béide Säite gekläert. Vu Lëtzebuerger Säit wier ee frou, datt een um Punkt vun der Gouvernance e gemeinsamen Nenner fonnt hätt, fir eng fair Kompetitivitéit ze garantéiert - dat sot en Donneschdeg am RTL-Interview den Ausseminister Jean Asselborn.

Extrait Jean Asselborn

Well den Accord just e puer Deeg virum Austrëtt aus Bannemaart an Zollunioun zustane koum, bleift op EU-Niveau net genuch Zäit. Den Accord soll den 1. Januar 2021 provisoresch a Kraaft trieden. D'Europaparlament soll dann am Ufank vum neie Joer nodréiglech gréng Luucht ginn.

Déi 27 Memberlänner mussen d'Accord sinn. Och dat brittescht Parlament muss d'Dokument nach validéieren.