Fir den Europadeputéierte Charel Goerens ass et weider net iwwerraschend, datt d'EU a Groussbritannien sech op de leschte Stëppel gëeenegt hunn.

Béid Säiten hätten ze vill ze verléiere gehat. Et huet jo eng gefillten Éiwegkeet gedauert, fir e Brexit-Deal auszeschaffen, ma vu d'Komplexitéit vum Dossier wär et nach séier gaangen, seet den EU-Deputéierten. Duerch de Brexit wollt Groussbritannien a villen Beräicher méi eng grouss Onofhängegkeet erreechen. Ma och als Net-Memberstaat musse si sech un d'Spillreegele vun der EU halen.

"Fakt ass, datt Groussbritannie sech muss de Reegele vum europäesche Bannemaart fügen. Wa si versprach haten, si kéinten elo hir Reegele selwer maachen, da gi se Lige gestrooft duerch den Accord hei, dee ganz kloer virgesäit, datt Groussbritannie muss, fir um europäesche Bannemaart z'existéieren, d'Reegele vun der EU acceptéieren", esou den Charel Goerens.

Den Accord ass elo mol provisoresch a Kraaft. Nieft dem EU-Conseil muss elo nach d'Europaparlament säin Accord ginn. De Charel Goerens geet dovunner aus, datt d'Parlament zu Stroossbuerg nach am Januar iwwert den Accord ofstëmme wäert. Déi brittesch Deputéiert wäerten den nächste Mëttwoch schonn hire Feu vert ginn.

Regierungsrot

E Sonndeg war de Regierungsrot beieneen, an do gouf sech iwwert de Brexit-Accord beroden.

No méintelaangen, ganz zéien Verhandlungen ass a Punkto Handel a Cooperatioun jo awer nach en Deal tëscht London an der EU zu Stane komm, nodeems Groussbritannien d’Unioun Enn Januar verlooss huet...

An engem Schreiwes vun e Sonndegowend heescht et, dass d’Ministeren frou waren, dass d’EU am Laf vun de Verhandlungen ëmmer als eng Unitéit opgetrueden wier.

Dësen Accord wier den Optakt vun engem neie Wirtschafts- a Sozial-Partenariat. Spezifesch wat de fir Lëtzebuerg sou wichtegen Finanz-Secteur ugeet, wier et gelongen, eng strukturéiert Zesummenaarbecht hinzekréien, an der Optik vun der gréisst-méiglecher Finanz-Stabilitéit, an der Konsumente-Sécherheet, heescht et vun der Regierung.