
D’Corona-Pandemie huet derzou gefouert, dass d’Fäll vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner, am Internet, däitlech zougeholl hunn.
Zanter dem Fréijoer géifen d’Täter vill méi intensiv am World-Wide-Web no esou Filmer a Fotoen sichen, sot d‘Europol-Direktesch Catherine De Bolle, dem däitschen Funke-Medien-Grupp.
Doduerch, dass vill Jonker awer och méi doheem, an domadder méi am Internet ënnerwee sinn, géife se ewell och villméi dacks selwer vun Täter kontaktéiert ginn.
D’Europol-Direktesch schwätzt an deem Kontext vun engem Online-Mëssbrauch, dee géif zouhuelen, wat hir grouss Suergen géif maachen.
Am meeschte gelies