D'Kommissiounspresidentin von der Leyen a chineesesch Staatsmedie schwätzen e Mëttwoch vun enger grondsätzlecher Eenegung op en Investitiounsofkommes.

Do virdrun haten d'Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel mam chineesesche Staatschef Xi Jinping per Videokonferenz geschwat. Och d'Bundeskanzlerin Angela Merkel an de franséische President Emmanuel Macron ware beim virtuelle Meeting dobäi.

Zil vun dësem Ofkommes si stabil Rahmebedingungen op béide Säiten, fir Handel an Investitiounen op béide Marchéen ze garantéieren.

No 7 Joer laange Verhandlungen huet ee sech grondsätzlech op béide Säite gëeenegt. Mam Ofkommes soll een net nëmmen den Zougang fir europäesche Firmen um chineesesche Marché verbesseren, mä och fir fair Konkurrenzbedéngunge suergen an nei Geschäftsméiglechkeete bidden.

Op Twitter huet d'Kommissiounspresidentin geschriwwen: "D'Welt no der Pandemie brauch eng staark Bezéiung tëscht der EU a China. Awer dat setzt Zesummenaarbecht a Vertrauen viraus - och beim Handel an Investitiounen."

Kritiker gesinn dës Eenegung allerdéngs skeptesch a sinn der Meenung, dass d'Ofkommes net wäit genuch goe géing.