D'Europäesch Agence fir Medikamenter huet e Méindeg schonn iwwer den Impfstoff vun der US-amerikanescher Entreprise Moderna beroden.

D'Reunioune goufen op e Méindeg virverluecht am Ufank hat et geheescht, datt d'Ema-Experten och e Méindeg schonn eng Recommandatioun fir den Impfstoff vum US-Pharmakonzern Moderna géifen erausginn. Deem ass elo awer net esou. Wéi déi hollännesch Gesondheetsopsiicht e Méindeg den Owend gemellt huet, soll eréischt e Mëttwoch eng Decisioun falen.

An den USA ass de Moderna-Vaccin elo schonn zougelooss.

Bei enger positiver Recommandatioun vun der Ema muss just nach d'EU-Kommissioun hiren Accord ginn. Dëst gëllt als Formsaach a kéint och relativ séier ëmgesat ginn. E wier nom Vaccin vu Biontech/Pfizer den zweeten Impfstoff géint Covid-19, dee fir d'EU zougelooss gëtt. D'EU huet 160 Milliounen Dose bei Moderna bestallt.