Ween an Zukunft beim Online-Shopping mat der Kreditkaart bezuele wëll, muss sech zënter dësem Joer op eng nei Prozedur astellen.

Zënter 2021 gëllt eng nei EU-Reegel fir méi eng staark Identifikatioun vu Clienten. Dat bedeit, datt net nëmme méi Donnéeë vun der Kaart fir eppes anzekafen duerginn, mä och eng zweet Confirmatioun muss fräigeschalt ginn. De Gros vun de Lëtzebuerger Banken notze schonn den zweeten Identifikatiounsfacteur. Anerer mussen déi nei Prozeduren nach ëmsetzen. Aktuell gëllt ee Stufemodell. Vum 15. Mäerz u sollen dann europawäit déi nei Reegele fir all Online-Akeef gëllen.

Wee mat der Kaart bezuele wëll, muss an Zukunft zousätzlech zum Beispill ee Passwuert oder eng Transaktiounsnummer beim Online-Shopping aginn. Doduerch soll séchergestallt ginn, datt de Client och wierklech de legale Besëtzer vun der Kreditkaart ass. De Gros vun de Lëtzebuerger Banken notzen ewell schonn eng 2. Identifikatioun per Token oder via eng mobil App. Bei e puer Banke war dat awer net de Fall.

Duerch d’Mesure soll d’Sécherheet beim Online-Shopping verbessert ginn. Dat well Nummer a Préifziffer vun de Kreditkaarte relativ einfach konnten erbléckst ginn, ewéi zum Beispill beim Asaz am Restaurant. Vill Lëtzebuerger Commerçanten hu sech ewell ëmgestallt. Ënnert anerem "Lëtzshop".

Een Deel vun de Commerçanten hunn et verpasst, sech ëmzestellen, betount d'Handelskonfederatioun.

Elo gëllt emol e Stufemodell. Vum 15. Januar u muss d’Bezuele vun 250 Euro u mam zweeten Identifikatiounsfacteur fräigeschalt ginn. Vum 15. Februar u gräift d’Prozedur dann ab 150 Euro. Insgesamt sollen d’Reegele vum 15. Mäerz un applizéiert ginn. Fir verschidde Leit riskéiert déi zweet Identifikatioun komplizéiert ze ginn, esou de Konsumenteschutz.

Mat där neier Direktiv wëll d’EU-Kommissioun d’Bezuelen an der EU fir Verbraucher méi sécher maachen.