Nodeems Twitter de Konto vum Trump gespaart huet, sot d'EU-Kommissioun se wier perplex.

Dës Decisioun wier nämlech ouni legitim an demokratesch Kontroll. Den EU-Kommissär fir de Bannemaart, den Thierry Breton, sot e Méindeg, et géing de Stuerm vum Kapitol zu Washington zu Ännerunge féieren.

D'Onlineplatttforme wieren sech elo endlech hirer Verantwortung bewosst. Anerersäits kéinten d'Autoritéiten net méi einfach nokucken an d'Politik misst d'Reegele kloer definéieren.