Elo muss déi europäesch Medikamentenagence de Produit nach préiwen a fir den europäesche Maart zouloossen.

De Pharmabetrib AstraZeneca huet eng offiziell Demande bei der EU gestallt, dass hiren Impfstoff géint de Coronavirus kann zougelooss ginn.

Déi zoustänneg Autoritéit Ema wëll bis Enn Januar e Rapport fäerdeg hunn. Bis ewell hu just zwee Vaccin eng Autorisatioun vun der Ema kritt. Dat ass engersäits deen vun Biontech/Pfizer, an dee vun der Firma Moderna.

AstraZeneca war iwwregens déi éischt Firma, mat där d’EU-Kommissioun en Vaccins-Kontrakt ënnerschriwwen hat, nämlech Mëtt August zejoert, iwwert eng 300 Milliounen Dosen, mat Optioun op weider 100 Milliounen. Ronn 2 Euro soll eng Dosis just kaschten. Hiren Impfstoff gouf zesumme mat der Universitéit Oxford entwéckelt.