De 6. Oktober dëst Joer leeft d'Mandat vum François Biltgen um Europäesche Geriichtshaff aus.

De fréieren CSV-Minister, deen zanter Hierscht 2013 Riichter um Europäesche Geriichtshaff ass, strieft awer e weidert Mandat un, dat da weider 6 Joer géif lafen. Dat huet hien dem Lëtzebuerger Wort géintiwwer confirméiert.

Bis den 11. Dezember konnt ee seng Demande erareechen, an nieft dem François Biltgen, hu 7 weider Leit dat gemaach. Déi soi-disant Bewerbungsgespréicher lafen elo bis Enn Januar.