Ungarn soll sech net un en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff halen a weider Asyldemandeuren zeréckschécken, ouni hir Demande ze traitéieren.

Wéi d'Mënscherechtsorganisatioun Ungareschen Helsinki-Comité mellt, wieren zanter dem Urteel virun engem Mount méi wéi 3.000 Flüchtlingen a Migrante gezwonge ginn, zeréck a Serbien ze goen, ouni dierfen eng Demande op Asyl ze maachen. Dobäi hat den Europäesche Geriichtshaff kloer decidéiert, dass Migranten, déi irregulär areesen, net dierfen zeréckgeschéckt ginn, ouni dass hire Fall gepréift ginn ass.