Déi nei Mesurë goufen 2 Deeg virum EU-Sommet vun der Kommissioun virgestallt.

An engem Text, deen en Dënschdeg ugeholl gouf, rifft d'Kommissioun d'Memberlänner op, d'Impfungen an der EU séier virunzebréngen. Bis Mäerz 2021 sollen op d'mannst 80% vun de Mënschen iwwer 80 Joer, sou wéi 80% vum Personal a Gesondheets-  a Sozialberuffer an alle Länner geimpft sinn. Bis de Summer 2021, sollen da 70% vun der erwuessener Populatioun geimpft gi sinn. Weider Mesurë sinn d'Ofstandsreegel, Kontakt-Restriktiounen, de Kampf géint Desinformatioun, Koordinatioun vu Reesrestriktiounen, méi Tester, Contact-Tracing a Sequenzéierung. Sou sollen d'Infektiounen an der Risk vum neie mutéierte Virus ënner Kontroll gehale ginn.

Weider géif zesumme mat Entreprise gekuckt ginn, dass d'Augmentatioun vun der Produktiounskapazitéit fir Impfstoffer an der EU komplett ausgenotzt gëtt. Och géif un enger EU-Impf-Attestatioun mat de Memberlänner geschafft ginn, dat fir Zertifikatioune bei de verschiddene Gesondheetssystemer an den EU-Länner ze harmoniséieren. Enn Januar 2021 gëtt mat engem Konzept gerechent.

Test-Strategien missten dann aktualiséiert ginn, fir der neier Virus-Variant Rechnung ze droen. Weider solle méi Antigen-Schnelltester agesat ginn. D'Genom-Sequenzéierung misst méi ausgebaut ginn, fir déi nei Variant z'erkennen.

Och beim ëffentlechen Transport, misste weider Distanz- an Hygiènesmesure geholl ginn, fir d'Iwwerdroung hei ze miniméieren. Virun net-noutwennege Reesen gëtt ganz staark ofgeroden, bis sech déi epidemiologesch Situatioun däitlech verbessert huet. Reesrestriktiounen inklusiv Tester fir Leit déi reesen, solle bäibehale ginn, aus Géigende wou déi nei Variant méi heefeg optrëtt.

Am Kader vun der "Team Europa"-Struktur, soll dann och kënnen en Deel vun den 2,3 Milliarden Impf-Dosisse mat Partner-Länner wéi mat de Balkanlänner, déi ëstlech a Südlech Nopeschlänner a Länner aus Afrika gedeelt ginn. Mat 853 Milliounen Euro un Gelder déi u COVAX gaange sinn, ass d'EU vun der gréisste Spender fir dëse Projet.

Dozou d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen: „Impfungen sind für die Überwindung dieser Krise von entscheidender Bedeutung. Wir haben bereits genügend Impfdosen für die gesamte Bevölkerung der Europäischen Union gesichert. Jetzt müssen wir die Auslieferung beschleunigen und die Impfungen vorantreiben. Wir wollen bis zum Sommer 70 % unserer erwachsenen Bevölkerung geimpft haben. Das könnte die Wende in unserem Kampf gegen dieses Virus sein. Wir werden diese Pandemie jedoch erst dann beenden können, wenn weltweit alle Menschen Zugang zu Impfstoffen haben. Wir werden unsere Anstrengungen zur Bereitstellung von Impfstoffen für unsere Nachbarn und Partner weltweit verstärken.“

D'EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides erkläert weider: „Wenn wir in Einigkeit, Solidarität und Entschlossenheit zusammenarbeiten, werden wir bald den Anfang vom Ende der Pandemie sehen. Gerade jetzt müssen wir rasch und koordiniert gegen die neuen Varianten des Virus vorgehen. Es wird noch einige Zeit dauern, bis alle Europäerinnen und Europäer geimpft werden können, und bis dahin müssen wir ohne Zögern koordiniert und proaktiv gemeinsam vorgehen. Impfungen müssen in der gesamten EU schneller vorangetrieben werden, Tests und Sequenzierung müssen intensiviert werden – so können wir sicherstellen, dass wir diese Krise so bald wie möglich hinter uns lassen.“

Hei gëtt et de kompletten Text vun der EU-Kommissioun.

[comments]