D'Europäesch Grenze fir Wuerentransport a Frontaliere bleiwen op. Dat gouf en Donneschdeg op engem EU-Spezial-Sommet decidéiert.

Allerdéngs wäert ee Restriktiounen huelen, wat Reese fir Fräizäit a Vakanz ugeet. Et geet drëms, d'Virus-Mutatiounen sou gutt wéi méiglech am Grëff ze behalen.

"Bedéngt duerch déi ganz kritesch Situatioun sollen all net wesentlech Reese staark decouragéiert ginn. Bannent de Staate selwer, an natierlech iwwert d'Grenzen", sou d'Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen.

Nei, obligatoresch Tester a Quarantän wäerte vun enger Rei Staate verlaangt ginn. Virun allem vu Bierger, déi aus donkelrouden Zone kommen, wou de Virus staark zirkuléiert. D'Europäesch Agence ECDC soll eng nei, méi nuancéiert Kaart opstellen. Déi selwecht Reegele fir alle 27 Staate wäert et awer net ginn. Dofir wier d'Situatioun vun engem Land zum aneren ze verschidden, sou de Premier Xavier Bettel nom Spezial-Sommet.

Reesen bannent der EU wäert déi nächst Wochen zur Knobel ginn. Wou däerf ech hin? Wat brauch ech vun Test? Wéi sinn d'Reegelen am Land selwer? Wat muss ech maachen, wann ech zeréck op Lëtzebuerg kommen?

D'Beispill Frankräich weist, datt d'Logik hannert de Reegele séier Froen opwerft. Wie vun e Sonndeg un als EU-Bierger mat Fliger oder Schëff am Hexagon ukënnt, brauch en negative PCR-Test, dee manner wéi 72 Stonnen al ass. Wie mam Auto oder mam Zuch reest, brauch kee sou een Test.

D'Grenze mat Däitschland bleiwen den Ament op. Wien zum Beispill an d'Saarland fiert, brauch weeder en Test, nach muss een a Quarantän, wann ee sech net méi laang wéi 24 Stonnen do ophält.

Belsch Staatsbierger däerfe vun nächstem Mëttwoch un a bis den 1. Mäerz net méi an d'Ausland, wann et sech dobäi ëm eng net-essentiell Rees handelt. Dat huet d'Regierung vu Bréissel e Freideg de Mëtteg decidéiert. Grenzgänger däerfe sech zum Beispill nach 48 Stonnen ouni missen a Quarantän hei zu Lëtzebuerg ophalen. Lëtzebuerger Studenten däerfen nach fräi iwwer d'Grenz.

Wien vu Lëtzebuerg an Holland reest, brauch en negativen Test, muss dann awer a Quarantän, ka sech awer um 5. Dag fräi testen. An Holland gëllt vun e Samschdeg un nuets eng Ausgangsspär.

Weider Informatioune ginn et op den Internet-Säite vun de respektive Regierungen.