E puer Stonnen no der Ema huet och d'EU-Kommissioun hiren Accord fir d'Zouloossung vum Vaccin ginn.

Gréng Luucht fir AstraZeneca-Vaccin vun Ema/Rep. M. Camposeo

Déi europäesch Medikamentenagence huet e Freideg hir Empfeelung fir eng Zouloossung vum AstraZeneca-Impfstoff ginn. Op hirem Internetsite schreift d'Ema, dass den Impfstoff fir Persounen iwwer 18 Joer soll zougelooss ginn. Och wa vun den am ganze 24.000 Persounen, déi un de Studien deelgeholl hunn, nëmmen e klengen Deel iwwer 55 Joer hat, soll de Vaccin och fir eeler Persoune kënnen agesat ginn, heescht et am offizielle Communiqué. Et géing ee sech trotzdeem eng effikass Immunäntwert vum Vaccin erwaarden. D’Ema huet awer och ugekënnegt, weider Etüde wëllen ze maachen, un deenen dann och méi eeler Leit sollen deelhuelen.

Den AstraZeneca-Vaccin besteet aus zwou Dosissen, déi tëscht 4 an 12 Wochen ausernee leie sollen. Bei den Tester goufe keng gréisser Niewewierkungen, ausser déi gängeg wéi Middegkeet, Péng am Arem, Kappwéi oder Féiwer. D’Effikassitéit vum AstraZeneca-Vaccin gëtt op 60 Prozent geschat.

Déi endgülteg Decisioun iwwert d'Autorisatioun huet awer net laang op sech waarde gelooss. Nach um selwechten Owend huet och d'EU-Kommissioun gréng Luucht ginn. Elo dierf d'Mëttel vun AstraZeneca och offiziell an den EU-Memberlänner agesat ginn. Dat huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen via sozial Medien confirméiert.